Verhütung a Kannerwonsch
Dëst ass en individuellt Gespréich, wou mer zesummen analyséieren, wéi eng Verhütung am Beschten zu iech passt. An engem oppene Gespréich beschwätze mir d’Virdeeler an d’Risiken, déi domat zesummenhänken.
Egal ob dir am jonken Teenageralter oder an der Pre-Menopause sidd, dës Déngschtleeschtung ass fir erwuesse Fraen aus allen Alterskategorien.
Besonnesch mat Jonke kann ee wichteg Theme beschwätzen, wéi zum Beispill d’sexuell Educatioun, sexuell Hygiène, d’sexuell Orientatioun bis hin zur Notioun vum Consentement.
Dëse Rendez-vous kënne mir och gären notzen, fir iwwert äre Kannerwonsch auszetauschen. Et wier mir eng Freed, iech als Koppel op dësem Wee mat Rot a positiver Astellung ze begleeden. Mir huelen eis Zäit, fir ären Alldag mat gesonder Ernierung, Sport, Nesting-Notiounen an Zyklusanalysen ëmzestellen.
Dës Déngschtleeschtung gëtt 2 Mol am Joer ganz vun der CNS iwwerholl.


Prenatal Visitt
Dëse Service ass geduecht, fir datt mir eis kenneléieren an ech op är oppe Froen äntwere kann. Oft ass et esou, datt mir e bëssen iwwert d’Paperassë schwätzen (Allocatiounen, Umeldung vum Puppelchen, Impfungen, Dokterterminer…).
Ganz wichteg ass et, datt mir zesummen är Wënsch beschwätzen, souwuel fir d’Gebuert (Erstellung vun engem Gebuertsplang) wéi och fir de Postpartum an d’Ernierung vun ärem klenge Butz.
Gären kënne mir och iwwer dat néidegt Material austauschen an eventuell är Gebuertslëscht an äre Koffer fir d'Maternité zesummen duerchkucken. Ausserdeem stellen ech ären Dossier op an erklären iech genee, wéi mir et maache fir eis no der Gebuert ze gesinn.
Dës Visitt gëtt eng eenzeg Kéier an der Schwangerschaft vun der CNS iwwerholl.


Virbereedungscoursen
Ech proposéieren iech 4–6 Virbereedungscoursen ab der 28. Schwangerschaftswoch. Ech schloe vir, datt mir eis all Kéier mat engem Ofstand vun enger Woch gesinn. D’Zil vun dëse Coursen, déi ech individuell bei iech doheem halen, ass d’Koppel beschtméiglech op d’Eltereginn virzebereeden.
éischte Cours
Am 1. prenatale Cours schwätze mir iwwert äre gesondheetleche Parcours virun der Schwangerschaft an iwwert den Oflaf vun der Schwangerschaft. Duerno kucke mir eis d’Dokumenter un, déi virum Accouchement solle prett sinn, a mir stellen zesummen äre Gebuertsplang op. Gären kënne mir och eng Ronn iwwert d’Gebuertslëscht an dat néidegt Material schwätzen. Ech huele mir Zäit, fir op är Froen anzegoen, an dir kënnt selwer bestëmmen, wéi eng Themen an den nächste Course solle behandelt ginn.
zweete Cours
Den 2. Cours geet da konkret iwwert déi puer Woche ronderëm den Termin, also de klassesche Gebuertsvirbereedungscours mat Informatiounen iwwert den Oflaf vun der éischter Wéi bis zu den éischte Stonnen no der Gebuert vun ärem Butz. Et läit mir um Häerz, besonnesch drop anzegoen, wéi eng Roll de Partner / d’Partnerin huet. Ech erklären iech gären déi physiologesch Gebuert, awer och d’medikamentéis Aleedung an de Kaiserschnëtt. Mir adaptéiere selbstverständlech d’Erklärungen un äre Parcours. Um Programm kënnen och nach d’Braxton-Hicks-Wéien, d’Technik fir d’Dammmassage, positiv Visualisatiounen, d’Beschwätze vun natierlechen Aleedungsmethoden an d’Opstelle vun engem Besuchsplang, fir wann de Puppelchen do ass stoen.
drëtte Cours
Den 3. Cours ass den « Postpartum-Cours ». Do beschwätze mir déi wichteg Saache fir déi éischt Woche mam Puppelchen. Ech hu selwer 9 Joer op der Wochebettstatioun geschafft, an dofir ass et fir mech ganz wichteg, iech op dës spannend Zäit virzebereeden. Haut-zu-Haut-Kontakt mat den zwee Elteren (an den eventuelle Geschwëster vum Puppelchen) steet kloer am Mëttelpunkt. Natierlech ginn och déi néideg administrativ Pabeieren a Rendez-vousen ugeschwat, souwéi d’physiologesch Evolutioun vum Neigebuerenen a senger Mamm. Déi wichteg Informatiounen, wéi d’Pfleeg vun der Nuebelschnouer, dat éischt Bueden, d’Bluttanalys vum 3. Dag, de physiologesche Gewiichtsverloscht vum Neigebuerenen an d’Recuperatioun vun der Mamm, gi selbstverständlech genee erkläert.
véierte Cours
De 4. Cours geet haaptsächlech ëm d’Ernierung vum Puppelchen a vun der Postpartum-Koppel. Egal ob dir virhutt, äre Bëbee ze nieren, d’Fläsch ze ginn oder iech nach net festgeluecht hutt, mir fannen zesummen dat, wat am Beschten zu iech passt. D’Richtung bestëmmt dir: vun der Physiologie vun der Mammemëllech-Produktioun bis zu der passender Puddermëllech oder eventueller Mëllechpompel.
Zum Schluss vun dëse 4 Grondcoursen kënne mir eventuell entscheeden, een oder zwee Coursen drunzehänken, wann zousätzlech Informatiounen néideg wieren.
All dës Seancë gi ganz vun der CNS iwwerholl.


Gebuertsnosuerg
Nodeems dir mat ärem Neigebuerene rëm doheem sidd, kann ech reegelméisseg laanschtkommen, fir iech an der éischter Zäit z’ënnerstëtzen.
Et ass wichteg, en neie Famillje-Rhythmus ze fannen an als Ekipp ze funktionéieren. Ech kontrolléiere souwuel d’Entwécklung vum Puppelchen (Gewiichtsiwwerwaachung, Ernierung, Schlofrhythmus…) wéi och d’Erhuelung vun der Mamm an d’Wuelbefanne vun der Koppel.
D’CNS iwwerhëllt all néideg Visitt an den éischten 2 bis 3 Liewenswochen.


Droberodung
Ab dem 1. Mäerz proposéieren ech iech eng individuell Berodung, an där ech iech erklären, firwat d’Droen sou wichteg fir d’Wuelbefanne vun ärem Puppelchen ass.
Ech stellen iech eng Auswiel u Drosystemer (Drodicher an Drohëllefen) vir an ënnerstëtzen iech dobäi, déi Dro ze fannen, déi am Beschte bei iech an äre Puppelche passt. Ech weisen iech, wéi een d’Droduch richteg bënnt respektiv d’Drohëllef richteg ubréngt, sou datt d’Droen fir Elteren a Puppelchen angeneem ass.
Dës Sessioun kann zu all Moment wärend ärer Schwangerschaft oder nodeems äert Kand gebuer ass stattfannen. Si ass net nëmme fir Mammen, mee och fir Partner, Geschwëster, Groussmammen asw.
Dëse Service gëtt net vun der CNS iwwerholl a kascht 80 €.


Kontakt
Dir kënnt mech ganz einfach zu all Moment per E-Mail oder per WhatsApp-Noriicht kontaktéieren. Ech mellen mech esou séier wéi méiglech bei Iech.
Telefon/Email
© 2025. All rights reserved.
Ech si Member vun der lëtzebuergescher Hiewansassociatioun ALSF




